Allerhand 05: Am Bësch
Sommaire
Description
Allerhand presentéiert flott Wierker aus der Literatur op Lëtzebuergesch als praktesch Täschebicher. D’Rei ass speziell fir de Gebrauch am Unterrecht geduecht, an engem handleche Format a mat Plaz fir eegen Notizzen. An all Buch stinn Erklärunge vu manner gebräichleche Wierder a kuerz Explikatiounen, déi d’Verstoe vum Text erliichteren. Eng Interpretatioun gëtt doriwwer eraus éischt Iddie fir d’Nodenken an d’Diskutéieren an der Schoul wéi och baussent dem Unterrecht. Allerhand – dat ass Literatur op Lëtzebuergesch fir Jonker a fir jiddweree soss, dee gäre liest.
Informations
Products
Sprooch
Luxembourgeois
ISBN
978-2-49673-014-2
Nombre de pages
256
Auteur
Tania Naskandy
Affiliations
Allerhand 05: Am Bësch
Activité
Liesen
Classe
Secondaire
- Classique
- Général
Audience
Léierpersounen
Schüler
Collection
Thème
Sproochen
Description
Description
De leschte Roman vun der Trilogie, déi de Guy Rewenig ënnert dem Pseudonym “Tania Naskandy" publizéiert huet, handelt vum Cowboy a vum Branko, zwee jonke Männer, déi no engem Openthalt am Prisong eng nei Chance solle kréien. De Cowboy, deen dës Geschicht verzielt, ass skeptesch. Sinn hien an de Branko net d'selwecht wéi dat Geschier, dat an de Recyclingzenter bruecht gëtt, wou si schaffen: Alles Schrott? Am Bësch ass e Roman iwwert eng onzerbriechlech Frëndschaft an enger Gesellschaft, an där ëmmer déi selwecht schlecht ewechkommen.
Buch
Format
Imprimé
12,50 €