Lycée

Beruffsausbildung

Suchtprävention

Suchtprävention

Wat ass Suchtpräventioun a firwat ass et wichteg esou fréi wéi méiglech domat unzefänken? Geet et just ëm illegal Substanzen oder och ëm Substanzen déi am Alldag gebraucht ginn esou wéi Zocker, Energydrink a Kaffi? Schwätzt een och vu Sucht wann een zevill virun engem Bildschierm sëtzt oder sech bis an d’Nuecht eran dem Gaming widmet? Wéi ass et mat zevill Sport oder Shopping?

Mir konsuméieren am Alldag, stellen eise Konsum an dee vun de Kanner awer net onbedéngt a Fro, well mir eis dacks net bewosst si wéi séier een eng Sucht entwéckele kann.

Op dëser Säit kritt Dir en Zougrëff op diverse Materialien déi vun no a wäit eppes mat Sucht ze doen hunn. Dës Säit gëtt reegelméisseg ugepasst esou bal erëm neit Material zur Verfügung steet.