De Piwitsch
Sommaire
Informations
Affiliations
De Piwitsch
- Zyklus 4
Description
De Piwitsch ass e multimediale pedagogesche Projet fir Schülerinnen a Schüler, dee sech prioritär un den Zyklus 4 vum Enseignement Fondamental riicht. E besteet aus enger gedréckter Zeitung, Online-Artikelen, Videoen an Audioen. D’Zeitung erschéngt zweemol pro Trimester a gëtt gratis un d’Grondschoule verdeelt. Dofir geet et duer sech op www.piwitsch.lu/abo e gratis Abo ze maachen.
An all Ausgab fannen d’Kanner Artikele ronderëm spannend Themen, Wëssenswäertes, Rätselen a kreativ Beiträg, déi altersgerecht opbereet sinn. Fir d’Léierpersoune gëtt et passend Unterrechtsmaterial mat fäerdegen Aarbechtsblieder, déi direkt am Unterrecht agesat kënne ginn.
Zousätzlech zur gedréckter Zeitung gëtt all Woch en „Artikel vun der Woch“ online publizéiert, deen och aktuell Themen op eng verständlech Aart a Weis erkläert. All d’Artikele vum Piwitsch sinn op Däitsch a Franséisch verfügbar. Den Artikel vun der Woch kënnt dir bequeem per Mail geschéckt kréien, wann dir Iech fir de Newsletter umellt.
An der Online Mediathéik op piwitsch.lu/media gi weider Sujeten am Toun a Bild ugebueden. Esou sollen d’Kanner Medien ënnerschiddlech consomméiere kënnen.
A wann d’Schülerinnen an d’Schüler selwer an d’Roll vu Journalistinnen a Journaliste wëlle schlüpfen, da kënne si dat mat eiser sougenannter Mini-Redaktioun. Hei recherchéieren si während e puer Schoulstonnen zu engem en Thema a produzéieren hiren eegenen Artikel, Audio oder Videoreportage mat der Ënnerstëtzung vum Piwitsch-Team. Enseignanten, déi intresséiert sinn, kënne sech aschreiwen op extraklass.lu.
D’Zil ass et, d’Kanner zum Liesen, Nodenken an Entdecken ze motivéieren an hir Virwëtz, Kreativitéit a kritescht Denken ze fërderen. Gläichzäiteg léieren d’Kanner, Informatiounen ze hannerfroen, sech eng eege Meenung ze bilden an d’Welt besser ze verstoen.
Zéckt net mat der Piwitsch Redaktioun a Kontakt ze trieden. Schreift hinnen e Mail op info@piwitsch.lu