De Piwitsch
Sommaire
Informations
Affiliations
De Piwitsch
- Zyklus 3
- Zyklus 4
Description
Wat ass 'De Piwitsch'?
'De Piwitsch' ass e Konzept fir d'Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken.
Et geet drëms, fir de Virwëlz an d'Kreativitéit, d'Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.
D''Piwitsch'-Konzept ass am SCRIPT vu fréieren Journalistinnen a Journalisten an Zesummenaarbecht mat Kanner, Enseignanteën an Enseignanten an enger Rei vu Partnerinnen a Partner aus dem Educatiounssecteur entwéckelt ginn.
De pädagogesche Projet:
Zanter der Rentrée 2022 un kënnen d'Enseignanteën an Enseignanten aus den Zyklen 3 a 4 hir Klass aschreiwen, fir mam 'Piwitsch'-Team zesummen e Mini-Redaktiouns-Projet duerchzeféieren. D'Aschreiwunge ginn iwwert dëse Formular: https://www.piwitsch.lu/lehrmaterial/