Otemwierfel
Sommaire
Informations
Affiliations
Otemwierfel
- Zyklus 1
- Zyklus 2
- Zyklus 3
- Zyklus 4
Description
Am Alldag gëtt d’Ootmung dacks vernoléissegt an net bewosst wouergeholl. Wann se richteg agesat gëtt, kann se geziilt zum Wuelbefanne vu jidderengem bäidroen. An dat Flottst: D’Ootmung ass direkt an iwwerall asazbereet.
Dëse Wierfel, mat sengem Kaarteset, erméiglecht et op eng spilleresch Aart a Weis, mat kuerzen Otem-, Deenungs- an Entspanungsübungen de Schoulalldag opzelackeren an d’Kanner nees léierfit ze maachen. En ass zu all Zäit liicht anzesetzen an déi meescht Übunge kënnen ouni Problem och a méi klenge Raim ëmgesat ginn.
Den Otemwierfel dréit bedeitend zum Wuelbefanne vun alle Schoulacteure bäi.
D’Iddien zu den Otemübunge sinn am Kader vum Projet „YES – Yoga an Entspanung an der Schoul“ entstan. En Deel dovu gëtt vun der Coordinatrice vum Projet proposéiert an de Rescht vu Schüler a Schülerinnen aus de Grondschoule vu Miersch, Bettenduerf, Gilsdref an Noumer. Dës Übunge sinn am Laf vun de Schouljoren 2022/23 an 2023/24 wärend Yogainterventioune gesammelt ginn.